arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hollännesche Member vun der Ekipp vum Croisièresschëff mam Hantavirus infizéiert

Hantavirus

|
reading time

1 min

Hollännesche Member vun der Ekipp vum Croisièresschëff mam Hantavirus infizéiert

D'Weltgesondheetsorganisatioun deelt mat, datt et een neie confirméierte Fall vum Hantavirus gëtt. De Patient befënnt sech fir den Ament an Isolatioun an Holland. Domat gëtt et elo 12 confirméiert Fäll. Et bleift weiderhi bei den dräi Doudesaffer.

reading time

1 min

©  EPA/ELTON MONTEIRO
(Foto: EPA/ELTON MONTEIRO)

D'lescht Woch hat d'Weltgesondheetsorganisatioun sech virum Hannergrond vum Hantavirus getraff. Dobäi gouf eng international Warnung ausgeschwat. Et ass awer betount ginn, datt et sech dobäi net ëm eng Pandemie-Warnung handelt.