Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Islamfeindlech Partei vum Geert Wilders kritt de Ministère vun der Immigratioun

Holland

Islamfeindlech Partei vum Geert Wilders kritt de Ministère vun der Immigratioun

An där neier hollännescher Regierung kritt déi riets-extreem islamfeindlech Partei vum Geert Wilders de Ministère vun der Immigratioun. De Gidi Markuszower gëtt Immigratiouns-Minister.

auto_stories

1 min

Hie war an der Vergaangenheet opgefall wéinst illegalem Besëtz vu Waffen a gouf vum hollännesche Geheimdéngscht verdächtegt, Informatiounen un Israel geliwwert ze hunn.

Déi véier Koalitiounspartner an Holland goufen sech eens iwwert d‘Zesummesetzung vun där neier Regierung. Dora sinn, fir d‘éischte Kéier, fënnef Minister vu riets-extreeme Parteien. Neie Premier gëtt den Dick Schoof, fréiere Chef vun den hollänneschen anti-Terrorismus Servicer.