Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Hoffen, datt ee Song d'Liewe verännert? Net mam CHAiLD

Vum Eurosonic bis bei den ESC-Virentscheed

Hoffen, datt ee Song d'Liewe verännert? Net mam CHAiLD

De Januar ass e spannende Mount an der Carrière vum Lëtzebuerger Sänger CHAiLD. Nächste Samschdeg ass hie bei der Lëtzebuerger Virentscheedung fir d'Eurovisioun dobäi. E Mëttwoch hat hie schonn een Optrëtt um renomméierten Eurosonic Festival. Déi zwee Evenementer kënnen een Impakt op de Rescht vu sengem professionelle Musekerliewen hunn.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

CHAiLD | © Yves Stephany play_arrow
Den CHAiLD um Eurosonic 2024 zu Groningen. (Foto: Jamie Reinert)

Et wieren zwee komplett verschidde Concerten, seet den CHAiLD, dofir géif hie momentan "e bësse jongléieren". Sinn déi zwou Manifestatioune kompatibel, a schaffe se op dat selwecht Zil hin? "Ech weess et net", seet den CHAiLD. Beim Eurosonic kéint hie méi vu sengem Projet weisen an hie wier méi gewinnt fir esou Concerten ze spillen, wéi am Main Hall vun der Rockhal ee Song ze sangen, "an ze hoffen, datt dat mäi Liewen ännert".

ESC-Song net vum CHAiLD

Bei der Virentscheedung vun der Eurovisioun trëtt den CHAiLD zwar op, awer net mat sengem eegene Lidd. Dat war vum Jury net zeréckbehale ginn. Virun den Auditioune wier hie scho gefrot ginn, ob hie bereet wier, fir mat anere Produzenten ze kollaboréieren. 

De Song "Hold On" gouf geschriwwen a produzéiert vun den dräi Schwede Peter Boström, Jimmy Jansson an Thomas G:son.

"It's the game", seet den CHAiLD. Hie wier et och gewinnt, fir Lidder a Kollaboratioun ze schreiwen.

"Ech hat d'Chance, op de Song meng eege Perséinlechkeet drop ze setzen."

Zum Beispill wier d'Tounaart geännert ginn, an hien hätt sech d'Geschicht appropriéiert.

Den CHAiLD op der Bün zu Groningen um Eurosonic Festival. | © Yves Stephany
Den CHAiLD op der Bün zu Groningen um Eurosonic Festival. (Foto: Yves Stephany)

Wat sinn d'Ziler fir 2024?

"Ech probéiere meng Erwaardunge kleng ze halen", seet de Sänger. 

"Ech schaffe weider a maachen dat, wat ech gutt maachen, an dat ass Musek. Wann dono eppes erauskënnt - tant mieux."

Egal wéi géif hie vun der Visibilitéit profitéieren, déi hie momentan géif kréien. Hien hätt vill nei Musek preparéiert, déi hie mam Publikum wéilt deelen. 

2024 kéint ee mat engem neien EP rechnen. Dat huet den CHAiLD bei sengem Concert um Eurosonic dem Publikum verroden. Et annoncéiert sech e stilistesche Wiessel. Déi nei Stécker, déi hie gespillt huet, ware Pianosballaden, a keng opwänneg produzéiert Elektro-Pop-Lidder.

Positiv Reaktiounen

Beim Publikum zu Groningen ass de Concert dëse Mëttwoch gutt ukomm. Déi meescht Leit, mat deene mir geschwat hunn, hunn dem CHAiLD seng Stëmm a seng Bünepresenz gelueft. Déi nächst Statioun fir de Sänger ass nächste Samschdeg.

Um Eurosonic Festival zu Groningen an Holland trieden all Joer am Januar eng 300 nei Acts aus dem Pop a Rock Beräich op. Et ass dee wichtegste Rendez-vous an Europa fir de Musekssecteur. Vill Artistinnen an Artisten hunn op dësem Festival hir international Carrière lancéiert, dorënner Fontaines DC, Dua Lipa, Arlo Parks oder Wet Leg.

De ganzen Interview mam CHAiLDplay_arrow