arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Historesche Funiculaire Gloria entgleist: 17 Leit stierwen zu Lissabon

Portugal

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Historesche Funiculaire Gloria entgleist: 17 Leit stierwen zu Lissabon

An der portugisescher Haaptstad Lissabon ass ee vun den historesche Funiculairë gëschter um Mëttwochowend entgleist. Op d'mannst 17 Leit koumen dobäi ëm d'Liewen an op d'mannst 23 Leit goufen zum Deel schwéier blesséiert.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/MIGUEL A. LOPES
(Foto: EPA/MIGUEL A. LOPES)

Ënner den Affer wieren och Auslänner. Hir Nationalitéite sinn nach net bekannt, esou d'Autoritéiten.

De Buergermeeschter vu Lissabon huet vun enger Tragedie fir d'Stad geschwat. Déi portugisesch Regierung huet haut en nationalen Trauerdag deklaréiert.

D'Ursaach vum Accident, kuerz no 18 Auer gëschter Owend, ass nach net bekannt. Aenzeie soten, de Waggon vun der Stand-Seelbunn wier mat héijer Vitess de géien Hiwwel erofgerutscht an an e Gebai geknuppt.

Der portugisescher Zeitung Observador no wier ee vun de Kabele gerass, déi d'Seelbunn de Hang eropzéien.

Den historesche Funiculaire Gloria goung scho virun 140 Joer a Betrib an ass eng bekannten Touristenattraktioun zu Lissabon. D'Transportgesellschaft, déi d'Seelbunn geréiert, sot direkt nom Accident, d'Maintenance wier esou gemaach gi wéi virgesinn. Déi leschte Kéier wier dat zejoert geschitt.

Detailler zum Accident huet eis Portugal-Korrespondentin Marie-Line Darcy

play_arrow Lauschteren