Radioen

On air

9 bis 1  |  Tocotronic - Denn sie wissen was sie tun

play_arrow Live
search

/ Historesch Victoire am Cyclocross fir d'Marie Schreiber

Cyclocross

Historesch Victoire am Cyclocross fir d'Marie Schreiber

Am Cyclocross bei de Frae gouf et gëschter um Samschdeg eng historesch Victoire fir d‘Marie Schreiber. Déi 21 Joer al Lëtzebuergerin huet déi véierte Manche vum Weltcup zu Hulst an Holland gewonnen.

auto_stories

1 min

D'Marie Schreiber. | © picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Hilger
D'Marie Schreiber. (Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Hilger)

Et ass hir éischt Victoire an enger Weltcup-Course an och déi éischte Kéier, datt eng Lëtzebuergerin bei enger Cyclocross Weltcup-Course uewen um Podium steet. D‘Marie Schreiber huet sech zu Hulst géint d‘Welt-Elite duerchgesat.