An Israel selwer, zu Tel Aviv, Jerusalem an Haifa hu gëschter erëm dausende Leit géint den israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu manifestéiert. Si geheien him fir, mat senger stuerer Haltung, en Accord iwwert d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen ze verhënneren. Eng honnert Leit si jo weiderhin an den Hänn vun der Hamas.
Zu Tel Aviv gouf et de Moien eng Messerattack, bei där eng Persoun dout gemaach gouf, an dräi weiderer deels schwéier blesséiert goufen. Den Attentäter wier e presuméierten Terrorist aus dem Westjordanland seet déi israeelesch Police. Hie wier neutraliséiert, also erschoss ginn.
Joe Biden: Ermordung vum Hamas-Chef huet net gehollef
Den amerikanesche President Joe Biden huet elo an engem Interview mat der New York Times d‘Ermordung vum Ismail Hanija d‘lescht Woch kritiséiert. Dat hätt net gehollef, sot de Biden. Hien hätt dem Benjamin Nethanjahu kloer gemaach, datt den Zäitpunkt fir déi Aktioun ongënschteg war. D‘USA hätten nämlech grad deen Ament gehofft, d‘Gespréicher mat der Hamas kennen ofzeschléissen.