Ronn 200 Schoule bleiwe wéinst der Hëtzt zou. A Südfrankräich si Bëschbränn ausgebrach, zu Bizanet gouf e Camping evakuéiert.
A Spuenie gouf an der Stad El Granado mat 46 Grad en neie Juni-Dagesrekord gemooss.
Zu Lëtzebuerg gëllt haut eng giel Hëtztwarnung, déi niddregst Warnstuf. Et ginn Temperaturen tëschent 30 a 32 Grad erwaart, esou Meteolux.