Bis e Freideg nach mat sollen d'Temperaturen hei am Land héich bleiwen. Fir de Weekend mellt Meteolux Temperaturen nees liicht drënner.
D'Hëtztwell hei am Land ass awer nach näischt am Verglach mat der Situatioun a Frankräich. Hei gëtt haut, um Donneschdeg, de 7. Dag vun der Hëtztwell erwaart, déi 75 Departement schweessen deet, och wann et nees bësse méi kill gëtt. Am de leschten Deeg war et a wäiten Deeler vu Frankräich iwwer 40 Grad waarm.