arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hëtzeg Biergerversammlung zu Rodange

Gemeng an der Kritik

|
reading time

4 min

Hëtzeg Biergerversammlung zu Rodange

Eigentlech wollt de Schäfferot de Plang vun enger neier Bëschcrèche virstellen. Eng Iddi, déi d'Bewunner:innen och prinzipiell guer net esou schlecht fannen. Hannendru verstoppt sech awer e ganze Rateschwanz un Dossieren, déi fir Onzefriddenheet suergen.

reading time

4 min

© Pebia Urban
(Foto: Pebia Urban)

Zu Rodange koum et gëschter um Méindegowend zu enger relativ hëtzeger Biergerversammlung. Eigentlech wollt de Schäfferot hei de Plang vun enger neier Bëschcrèche virstellen: Eng Iddi, déi d'Bewunner:innen och prinzipiell guer net esou schlecht fannen. Mee et huet een trotzdeem séier gemierkt, datt d’Bierger:inne vu Rodange am Grousse Ganzen onzefridde sinn, oder besser: Nach ëmmer onzefridde sinn.

Fir genee ze sinn domadder, wat am Quartier am Doihl geplangt ass. Si hunn dem Schäfferot gëschter virgeheit, onprezis ze sinn a schlecht ze kommunizéieren. 

De Projet vun der Bëschcrèche schéngt fir d'Awunner:innen vu Rodange déi berüümten Drëps gewiescht ze sinn, déi d'Faass zum d'Iwwerlafe bréngt. Net well si de Projet vun der Bëschcrèche u sech schlecht fannen, mee well d'Crèche - wéi aner ëmstridde Bauprojeten - an de Quartier Am Doihl soll gebaut ginn.

Biergerinitiativ wërft der Gemeng eng "Salami-Taktik" vir

Eigentlech ass och gëschter net immens laang iwwer de Projet vun der Bëschcrèche geschwat ginn. D'Bierger:innen hunn zwar kritiséiert, datt de Schäfferot kee konkreete Projet virzeweisen hat, mee de Fokus gouf séier op de Bau vun - ënner anerem - engem Hotel an engem Wellness-Zenter geriicht.

D'Biergerinitiativ Am Doihl, déi sech géint de PAG asetzt, kritiséiert virun allem, datt keng Analyse d'impact gemaach géif ginn, fir déi méiglech Konsequenze fir d'Waasserschutzzonen ze beliichten. Dat wier wichteg fir de Schutz vun der Natur ronderëm laangfristeg ze garantéieren, seet den Henri Krecké, Member vun der Biergerinitiativ Am Doihl.

"Dat ass e wéineg esou eng Salami-Taktik. Mam Hotel a mam Wellness-Zenter ass et ugaangen. Du koum ee Parkhaus bäi mat Nahwärmenetz, du koum elo eng Bëschcrèche bäi. Dat gëtt eis ganz vill fir eng Reserve protégée, déi mir do hunn, a wou d'Impakter vun de laangfristege Chantiere riskéieren, der ganzer Biosphär enorme Schued zouzefügen."

Jean-Marie Halsdorf: "Mir hunn eis Hausaufgabe gemaach"

Wéi den CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf am Laf vun der Biergerversammlung domat konfrontéiert gëtt, äntwert hien, datt hien dee Sujet net esou dramatesch géif gesi wéi d'Biergerinitiativ. Iwwerdeems géif de Schäfferiot sech un d'Instruktioune vum Waasserwirtschaftsamt halen, erkläert de Buergermeeschter no der Versammlung nach.

“Mir maachen eis Hausaufgab. Mir hunn ee Projet. Mir hunn eng BEP a mir bauen dat dorop an da muss ee kucken. A wann et e Problem ass, et ass net un eis si ze froen, mee et ass un hinnen eis eppes ze soen, wann et net deementspriechend ass. Dat heescht, dat schéngt mir kloer ze sinn. Mir halen eis un d'Gesetz, si halen eis un d'gesetzlech Oplagen, an da geet et esou.”

E weidere Kritikpunkt vun de Bierger:innen war och dee vun der Kommunikatioun. Eng Partie Bierger:innen hu kee Sënn dora gesi fir eng Versammlung anzeberuffen, an där dann awer net vill Informatiounen iwwer d'Bëschcrèche geliwwert ginn.

Zwar gouf gesot, wéi grouss d'Gebai soll ginn, mee wéi et herno konkreet soll ausgesinn, konnt de Schäfferot net erklären. De Buergermeeschter seet, datt een hei enger Prozedur misst nogoen: Wann e Bebauungsplang soll geännert ginn, da muss een d'Bierger:innen informéieren a kucken, ob déi Reklamatiounen erareechen.

D'Baugeneemegung fir den Hotel leeft d'nächst Joer am Februar aus

Fir d'Bierger:inne geet dëst awer méi wäit wéi nëmmen dës Biergerversammlung. Den Henri Krecké, wéi eng Rei aner Bierger:innen, stéiere sech drun, datt den Hotel, de Wellness-Zenter an d'Crèche als eenzel Pläng duergestallt ginn, obscho se all am selwechte Quartier solle sinn.

"Mir sinn zënter November 2022, wou mir eise Cours gracieux géint de Projet vum Hotel nach ageluecht haten, hanner der Gemeng, fir ze soen: 'Kommt emol wannechgelift, mat engem Schéma directeur, mat engem Masterplan, wou Dir all Är Projete virstellt, datt d'Leit emol an toute connaissance de cause vun där Vilfalt vun de Projete sinn'."

De Schäfferot  argumentéiert, datt een dëst och guer net als een eenzege Projet dierft ugesinn. D'Iddi vum Hotel wier schonn zënter 25 Joer am Gespréich. An Tëschenzäit wieren déi aner Projeten no an no bäikomm, erkläert de Jean-Marie Halsdorf:

"Et ass zum Beispill gesot ginn, och scho relativ fréi, datt mir wéilten och e Wellness do bei d'Schwämm maachen. Dat ass och schonn eng Iddi, déi ass net nei. An am 21. Joerhonnert ass awer d'Energiepolitik esou, datt mir eis Schwämm net méi mat Gas exploitéiere kënnen."

E wéineg Hoffnung gëtt et fir d'Bierger:innen awer nach: D'Baugeneemegung fir den Hotel an de Wellness leeft d'nächst Joer am Februar aus. Am Fall, wou sech bis dohin - wéi bis elo - nach ëmmer näischt Konkreetes op der Plaz gedoen huet, weist sech de Buergermeeschter oppe fir déi zwee Projeten ze iwwerdenken, esou seng Ausso gëschter op der Biergerversammlung zu Rodange.