D’Police ass zolidd mat Beamtinnen a Beamten aus verschiddene Bundeslänner op der Plaz. Dat well am Virfeld Opriff zu Gewalt ronderëm gaange sinn.
D’AfD wëllt an der Stad mat ronn 92.000 Awunner:innen eng “Nachfolgeorganisation” fir déi jonk Alternativ grënnen, dat mam Numm “Generation Deutschland” (GD).
D’Police mellt eng Grupp déi ronderëm d’Stad d’Autobunnen an d’Landstroosse “massiv” blockéiert. Aktivist:inne hunn sech an engem Rond-Point un ee Bus ugekett. Eng aner Grupp seelt sech iwwer der B429 of.
“Viele Schauplätze”
Et gi sech ronn 50.000 Demonstrant:innen erwaart. Op der Gare sinn d’Spréch “Alle zusammen gegen den Fachsismus” oder “Stoppt die Brandstifter” ze liesen.