arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hellegowend: Police intervenéiert eng Dose Mol wéinst Gewalt

National

|
headphones

1 min

Hellegowend: Police intervenéiert eng Dose Mol wéinst Gewalt

Op Hellegowend gouf d’Police ronn eng Dose Mol geruff wéinst Streidereien oder Kläppen. D’Fäll konnten allerdéngs alleguer op der Plaz selwer gekläert ginn.

headphones

1 min

© Ilona Lablaika / Bigstock
(Foto: Ilona Lablaika / Bigstock)

Ronn 10 Mol war d’Police wéinst Familljestreidereien geruff ginn. Zwou Persoune goufen op Uerder vum Parquet aus dem Haus verwisen, dat eng Kéier zu Diddeleng an eng Kéier zu Waasserbëlleg.

Ronn 15 Meldunge wéinst Kaméidi sinn agaangen. Och hei konnten d’Fäll op der Plaz gekläert ginn.

Alkohol um Steier

Op der A4 huet d’Police en alkoholiséierte Chauffeur gepëtzt an de Führerschäin agezunn. An och op der A7 gouf der Police een alkoholiséierte Chauffeur gemellt. Säi Führerschäi war scho viru Méint gezu ginn, och wéinst Alkohol um Steier. Eng Plainte gouf deposéiert.