Iwwert 100 ONGen hunn elo e Bréif ënnerschriwwen, an deem si Israel opruffen, d‘Militariséierung vun der humanitärer Hëllef ze stoppen.
Ëmmer méi dacks géifen ONGen, déi schonn zënter Joerzéngten an der Gazasträif geschafft hunn, elo vun Israel keng Autorisatioun méi dofir kréien, seet de Xavier Feller, Kommunikatiounsdirekter vu Medecins Sans Frontières Lëtzebuerg. Verschidden OGNen an der Gazasträif hätten dowéinst scho missen ophalen, wärend d‘Hongersnout do vun Dag zu Dag méi schlëmm géif ginn.
"C 'est évidement catastrophique, ça va ajouter de la souffrance à la souffrance."
Tonne Liewensmëttel sti prett, mee Israel refuséiert Autorisatiounen
Neien Zuele vun der UNO no, sinn zënter dem Ufank vum Joer op d’mannst 49 Kanner wéinst Ënnerernierung an der Gazasträif gestuerwen, dovun 39, déi manner wéi 5 Joer al waren. Dobäi géifen dausenden Tonne Liewensmëttel an aner Hëllef prett stoen, mee Israel géif den ONGe keng Autorisatioun ginn, d‘Hëllef an de Gaza ze bréngen. Am Mäerz hat Israel nei Autorisatiounsprozeduren ageféiert. D‘ONGe mussen zum Beispill vill prezis Detailer iwwert palestinensesch Mataarbechter vun den ONGe ginn, an Israel kann ONGe verbidden, well se d‘Legimititéit vun Israel géifen a Fro stellen.
"Ça fait depuis 2 mars qu 'on demande de pouvoir faire entrer massivement des camions avec des fournitures médicales, avec de la nourriture. On a une famine qui est organisée maintenant par l 'armée."
Militariséiert Hëllef
Israel hätt d'Hëllef militariséiert duerch d'Fondatioun GHF, déi Israel mat den USA en place gesat huet, fir d'Hëllef ze geréieren. Mee praktesch all Dag komme Leit bei den Zentere vun GHF ëm d'Liewen, dacks duerch Schëss vun israeeleschen Zaldoten.
"L 'aide humanitaire est utilisée comme une arme de guerre."
, sou de Xavier Feller vu Medecins Sans Frontières Lëtzebuerg.
Kritik un der israeelescher Militär-Aktioun an der Gazasträif kënnt och ëmmer méi aus israeelesche Kreesser. Nodeems d‘israeelesch Arméi hir nei Offensiv lancéiert huet, fir d‘Stad Gaza ze besetzen, hunn den israeelesche Verteidegungsminister Israel Katz an de Chef vun der Arméi Eyal Zamir d‘Strategie vun der israeelescher Regierung a Fro gestallt. Et ass e weidert Zeechen, datt den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a säi Krichskabinett ëmmer méi isoléiert sinn, wärend déi international an national Kriticke vun der israeelescher Militäroffensiv an der Gazasträif weider zouhuelen.