D'Organisatioun setzt an hirer Strategie 2030 op verschidde Pilieren. Engersäits wéilt een d'Zesummenaarbecht mat aneren Acteuren aus dem soziale Wunnengsbausecteur, wéi dem Fonds de Logement oder de Gemengen, verbesseren. Anerersäits géif een an Zukunft op alternativ Wunnforme setzen, wéi zum Beispill intergenerationellt Wunnen a Co-Locatiounen.
D'Erausfuerderunge verschwannen net mam Enn vum Krich
Nach ëmmer géif et u Logementer fir vulnerabel Persoune feelen, seet de Generaldirekter vun der Croix Rouge Michel Simonis. Och wann de Krich an der Ukrain eng Kéier eriwwer ass, heescht dat net, datt d‘Erausfuerderung vum Flüchtlingsaccueil manner gëtt, betount hien. D‘Croix Rouge wier och net der Meenung, datt si am Land gutt opgestallt sinn, fir Leit déi flüchten ëmmer eng Solutioun kënnen ze bidden.
Dofir wieren och scho weider Projeten an der Maach: An op d’mannst 170 weidere Logementer uechter d’Land kéinten an Zukunft iwwer 560 Persounen ënnerbruecht ginn. Bal 100 Logementer fir ukrainesch Refugiéë wiere scho vu private Proprietären zur Verfügung gestallt ginn.
Besoinen un humanitärer Hëllef klëmmt
Nieft dem Logement louch de Fokus vum Joresbilan op der humanitärer Hëllef an der Ukrain. Hei ass d’Croix Rouge haaptsächlech an de Regiounen Dnipro an Donetsk aktiv, fir zerstéiert Spideeler erëm opzebauen. 30.000 Hygiènes-Kitten an 19.000 Päck mat Liewensmëttel konnten zejoert an der Ukrain vun der Croix Rouge ausgedeelt ginn. Och hei klëmmt de Besoin weider, seet d’Myriam Jacoby, Coordinatrice vun de Programmer an der Ukrain. Gläichzäiteg ginn d‘Donen erof.
„An dat mécht och, datt ganz vill Leit, déi intern deplacéiert waren, sech erëm op de Wee maache fir zeréck ze goen, well si keng Moyene méi hu fir an der deplacéierter Regioun ze bleiwen.“
D’Croix Rouge ass schonn zanter 30 Joer an der Ukrain aktiv. Duerch de Support géif ee 4 Millioune Leit an deene verschiddene Regiounen den Accès un d’Santé garantéieren, sou nach d’Myriam Jacoby.