D’Thema gouf op d’Demande vun der Deputéiert vun déi gréng Joëlle Welfring opgegraff. D’Deputéiert vun der Oppositioun wéi och aus der Regierungspartei CSV bedaueren, datt d’Studentefoire mëttlerweil just nach akademescher Natur ass. Representanten aus der Aarbechtswelt, dem Handwierk an och Gewerkschafte, missten nees sur Place vertruede sinn.
D’DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin sot, datt een sech dee Wonsch och zu Häerz huele géing. Dofir an och fir iwwer de Site vun der Studentefoire ze schwätzen géif si och Vertrieder vun der ACEL treffen, esou d'Stéphanie Obertin.
"Elo gesinn ech de President an d'Vizepresidentin vun der ACEL, fir genau dat Theema mat hinnen nach eng Kéier duerchzegoen an ze kucke mat hinnen zesummen déi Léisung ze fannen, déi dann hëlleft, wéi gesot, deene Besoinen, déi déi Jonk hunn, dann och nozekommen. Ech wäert dat mat hinne kucken. Dofir wëll ech mech elo hei net festleeën, ob dat elo d'Rockhal gëtt oder d'Foireshal oder eppes aneschters. Ech géif dat gär mat hinnen elo kucken."
D’Treffen tëschent der Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an dem President vun der ACEL Gianni Di Paoli ass nach amgaangen. Ob si haut um Dënschdegowend e Kompromëss fir déi nächst Studentefoire am Joer 2027 fanne bleift ofzewaarden.