A sengem Rapport huet de Maurice Bauer engersäits de Kampf géint d’Aarmut ervirgehuewen, mee och eng nei Methodologie an der Budgetsopstellung.
De Staatsbudget fir den Zentralstaat besteet aus de Recetten, mee och aus enger riseger Lëscht un Depensen, déi no Ministère preziséiert ginn.
Eng besser budgetär Planung
Dee Prinzip gëtt bäibehalen, mee nei fir 2026 ass eng Opstellung vun den Objektiver, déi duerch déi Depensë sollen erreecht ginn, erkläert den CSV-Budgetsrapporter Maurice Bauer.
"Dank Objektiver, déi quasi all Ministère ausgeschafft huet, kann ee moossen, ob d'Gelder, déi ausgi ginn, och déi geziilte Wierkung hunn an esou dem Budget e Suivi erlaben. Dës Miessbarkeet erlaabt et, d'Effizienz vun den Ausgaben ze evaluéieren a fir eng besser budgetär Planung an den nächste Joren ze suergen. Dëst schaaft méi Vertrauen an d'Politik an an d'Institutiounen."
Defie fir d’Regierung sinn de Kampf géint d’Aarmut, wou zënter 2023 eng ganz Lëscht u Mesurë getraff goufen, um Niveau vun der Erhéijung vum Mindestloun, der Loyerssubventioun, oder nach der Allocation de vie chère an der Energieprimm, déi zënter engem Joer automatesch ausbezuelt ginn.
Relance soll nei Recettë generéieren
Den CSV-Budgetsrapporter fuerdert dee selwechte System fir aner Hëllefen.
"An ze probéieren, souwäit dat méiglech ass, dës automatesch ausbezuelen, och fir d'Loyerssubventiounen an eventuell aner Hëllefen auszedeelen. Et ass ze begréissen, datt d'Regierung am Aarmutsplang virgesäit vun 2027 u véier Hëllefen am neie Complément de vie chère zesummenzeleeën, deen dann och d'Referenz ass, fir weider Hëllefen ze kréien."
A fir all déi Sozialleeschtungen ze finanzéieren, bräicht ee Steierrecettë mat enger ekonomescher Relance, seet de Maurice Bauer.
"Eng Ekonomie, déi Kompetitivitéit, Produktivitéit an Innovatioun vereinbaart, well si eis déi noutwendeg Finanzmëttel gëtt, déi mir brauche fir eng gerecht a solidaresch Politik ze maachen."
Et wier deemno d’Zil vun der Regierung duerch eng Relance nei Recetten ze generéieren, an esou d’Sozialleeschtunge weider ze garantéieren, esou den CSV-Rapporter.