Fir d’Riichtere vum Tribunal administratif hätte béid Männer keen “intérêt à agir” gehat: Deen éischte Mann hätt nämlech nach e Wunnsëtz, an deen zweete Mann wier irregulär am Land. Dogéint haten déi zwee am Juli Appell gemaach. D’Affekoten hunn um Donneschdegmoien op der Cour administrative hir Argumenter widderholl.
Heeschen eenzeg Méiglechkeet fir ze iwwerliewen?
Den Affekot vun den zwee Heescherten, de Me Fränk Rollinger, sot zum “intérêt à agir” vu senge Clienten, datt d’Heesche fir si den eenzege Moyen wier fir ze iwwerliewen. Wuel géif et d’Méiglechkeet ginn, fir Sozialhëllef ze kréien, mee verschidde Leit wéilten déi net. A fir déi, déi se wéilten, géifen d’Aiden net duergoen.
Den Inneminister Léon Gloden (CSV) hätt sech op eng Gefor baséiert, déi vum Heeschen ausgoe géif, a fir d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) hätt d’Heeschen de Commerce gestéiert.
De President vum Geriicht huet d’Fro gestallt, firwat déi zwee Heescherten d’Zoustëmmung vum Minister attackéiert hätten, an net d’Policereglement vun der Stad. Wourop de Me Rollinger geäntwert huet, de Minister hätt déi definitiv Decisioun geholl, an déi wier a sengen Ae falsch motivéiert.
Haten déi zwee Heescherte keen Daach iwwer dem Kapp?
Dem Me Serge Marx, Affekot vum Staat, no géif d’Argument, datt ee vun den zwee Heescherte keen Daach iwwer dem Kapp hätt, net stëmmen: Deen hätt sengerzäit am Minett gewunnt, an elo an der Stad, wéi sech erausgestallt hätt.
De Me Rassafi, Affekot vun der Stad Lëtzebuerg, huet erkläert, et géif een dem Mann eng Sozialwunneng zur Verfügung stellen. “Bis den 31. Januar”, huet de Me Rollinger repliquéiert, dee vu sengem Mandant näischt vun enger Adress gesot kritt hätt.
An den Ae vum Affekot vum Staat géif et fir en “intérêt à agir” vun den zwee Heescherten net dee geréngste Beweis ginn, soudatt dat éischt Urteel ze confirméiere wier.
D’Urteel an der zweeter Instanz gëtt an deenen nächste Woche gesprach.