Fir eng Gedenkzeremonie haut zu Amsterdam ginn iwwer 1.300 Familljemembere vun den Affer erwaart. Si verlaange weider Äntwerten zu ville Froen, dorënner déi, wien den Optrag ginn huet, fir de Fliger erofzeschéissen.
Virun zwee Joer hat en hollännescht Geriicht zwee Russen an een Ukrainer zu liewenslänglechem Prisong verurteelt. Si goufen awer net vu Russland ausgeliwwert. De Verdacht, datt de russesche President Wladimir Putin direkt verwéckelt ass, konnt net konforméiert ginn. Moskau dementéiert all Responsabilitéit.