Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut sinn d'Lëtzebuerger Liichtathleeten am Asaz

Olympesch Spiller

Haut sinn d'Lëtzebuerger Liichtathleeten am Asaz

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis trieden haut déi éischt Lëtzebuerger Liichtathleet:innen un. Iwwer d'100-Meter versicht d’Patrizia van der Weken vun 10 vir 12 de Mëtteg u sech fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren.

auto_stories

1 min

Olympesch Spiller Paräis 2024 | © picture alliance/dpa | Sven Hoppe
Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe

An de Kugelstousser Bob Bertemes probéiert um 10 op 8 den Owend an der Qualifikatioun vum Kugelstoussen an d'Finall ze kommen.

Am Turne gouf et zu Paräis eng weider Goldmedail fir déi amerikanesch Superstar Simone Biles. Si feiert zu Paräis e Comeback no hire Problemer viru 4 Joer zu Tokio. D'Simone Biles huet gëschter am individuellen allround Turne gewonnen. Et ass hir sechst olympesch Victoire.