arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut fänkt de Faaschtemount Ramadan un

International

|
headphones

2 min

Haut fänkt de Faaschtemount Ramadan un

Haut fänkt de muslimesche Faaschtemount Ramadan un. Honnerte Millioune Moslemen op der Welt verzichten ee Mount laang vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang op Iessen, Drénken, Fëmmen a Sex. Traditionell kommen d'Mënschen owes, wann d'Sonn ënnergaangen ass, zesummen, fir d'Faaschten ze briechen.

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Faisal Khan
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Faisal Khan)

Den Ufank vum Faaschtemount gëtt duerch d’Erscheinung vun der éischter Mound-Sichel am 9 Mount vum islamesche Kalenner determinéiert. 

Vue datt d’Positioun vun den Himmelskierper jee no geographescher Lag op der Äerd variéiert, war haut ënner anerem a Saudi-Arabien, Katar, de Vereenegten Arabeschen Emiraten, am Irak an am Libanon den éischte Faaschtendag. Fir d’Moslemen zu Lëtzebuerg an an Europa fänkt de Ramadan eréischt muer un.

Ramadan zu Jerusalem ënner strengen Oplagen

Aus Suerg virun Tensioune sinn zu Jerusalem, eng vun den hellege Stied vum Islam, d’Sécherheetsmesurë verstäerkt ginn.

Wärend den 30 Deeg vun der muslimescher Faaschtenzäit, beschränkt Israel den Zougank zum  Tempelbierg zu Jerusalem op 10.000 Gleeweger pro Dag. Dat aus Angscht viru Gewalt-Exzesser. Am arabesch gepräägten Ostdeel vu Jerusalem sinn iwwerdeems dausende Sécherheetsleit am Asaz, wéi den israeelesche Sender Kan mellt.

Israel huet, wéi och schonn déi Jore virdrun, d’Sécherheetsoplage fir Palästinenser:innen aus dem Westjordanland verschäerft. Just Männer iwwer 55, Fraen ab 50 a Kanner ënnert 12 dierfen op den Tempelbierg. Fir kënnen an der Al-Aksa-Moschee ze bieden, musse si iwwerdeems eng Autorisatioun hu fir an Israel an ze reesen.

Jerusalem drëtt hellegst Stad fir den Islam

An der Vergaangenheet war et hei wéinst ëmmer nees zu Ausernanersetzungen tëschent Judden a Mosleme komm. 

Den Tempel Bierg mam Fielsdoum an der Al-Aksa-Moschee zu Jerusalem zielt zu der drëtt Hellegster Stad am Islam. Nieft Mekka a Medina am haitege Saudi-Arabien. Den Tempelbierg mat der Klomauer ass gläichzäiteg déi hellegste Plaz fir d’Juddentum.

Nieft dem Ramadan geet haut um Äschermëttwoch och d’Faaschtenzäit bei de Chrëschten un. Déi leschte Kéier, datt béid Faaschtenzäiten exakt op den Dag zesumme gefall sinn, war am Joer 1921.