arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut fänkt d'Schueberfouer un

Bis den 10. September

|
headphones

1 min

Haut fänkt d'Schueberfouer un

Am spéide Freidegnomëtten ass um Glacis an der Stad déi offiziell Ouverture vun der Schueberfouer. Bei der gréisster Kiermes am Land, déi bis den 10. September dauert, sinn 11 nei Spiller a Buden dobäi, genee wéi 7, déi no enger Paus zeréckkommen.

headphones

1 min

Schueberfouer | © picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel
Schueberfouer (Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel)

De 27. August (fir d'Spiller) an den 3. September (fir d'Iessen) ass Familljendag um Lampertsbierg. D'Visiteure sollen op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, fir op d'Fouer ze kommen. Déi besichen iwwregens all Joer eng geschaten 1,5 bis 2 Millioune Leit.