arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut ass Earth Overshoot day

All d'Ressourcë verbraucht

|
headphones

1 min

Haut ass Earth Overshoot day

D‘Mënsche vebrauche weider méi Ressourcen, wéi der vum Planéit kënne regeneréiert ginn. Den Dag vun haut, 24. Juli, ass de sougennanten "Earth Overshoot day". Dat ass den Dag, op deem déi natierlech Ressoucen um globale Plang all verbraucht sinn.

headphones

1 min

Dësen Datum, dee vum Netzwierk „Global Footprint“ ausgerechent gëtt, kënnt ëmmer méi fréi: Dëst Joer ass e méi wéi eng Woch éischter, wéi zejoert.

Den Overshoot Day gëtt och pro Land ausgerechent. Lëtzebuerg läit do un der Spëtzt. Hei am Land war den Overshoot Day nämlech schonn de 17. Februar. Domat läit Lëtzebuerg, wat de Konsum vu natierleche Ressourcen ugeet, weltwäit op der zweeter Plaz, hannert Katar.