Den Hardy Grüne ass zënter senger Kandheet mam Fussball verbonnen an ass Adept vum Fussballveräin “Göttingen 05”. Als jonke Mënsch hat hien nieft dem Fussball spillen och nach d'Passioun där Fussballspéngelen ze sammelen. Donieft sammelt hien och Wope vun de Veräiner. Dat huet alles lues a lues dozou geféiert, datt hie sech ëmmer méi mat der Geschicht vum Fussball beschäftegt huet an ugefaangen huet Bicher iwwer de Fussball ze schreiwen.
Reesen a Fussball
Den Hardy Grüne huet dacks iwwer den däitsche Fussball geschriwwen. Ma en hat awer och vill Intressi fir de Fussball an anere Länner, besonnesch och Länner, déi net esou direkt op der éischter Plaz an der Fussballwelt stinn. An dann huet en, wéi hien seet dat Praktescht mat dem Nëtzleche, an dësem Fall Reesen a Fussball matenee verbonnen. Ënnert anerem waren dat Reesen op Buenos Aires, Montevideo oder an Albanien.
Eng Zäit laang huet hien an England gelieft, souzesoen d’Wéi vum Fussball. Duerno huet hie sech mam Fussball a Frankräich, um afrikanesche Kontinent oder a Südamerika beschäftegt an um Enn och mam Lëtzebuerger Fussball.
Eng grouss Fussballgeschicht
Den Hardy Grüne ass sech bewosst datt Lëtzebuerg eng nawell zolitte Fussballgeschicht huet, déi absolut derwäert ass erzielt ze ginn. Den Hardy Grüne seet dozou datt de Fussball sech an de leschten zwanzeg Joer dramatesch verännert huet an dat nëmmen zu Lëtzebuerg mä quasi iwwerall.
“Und die Vergangenheit gerät so langsam in Vergessenheit. Das habe ich mir so ein bisschen zur Aufgabe gemacht, diese Vergangenheit abseits dieser ganz großen Fußballbühne festzuhalten und der Nachwelt zu erhalten. Und damit deutlich zu machen, was Fußball einfach auch auf lokaler Ebene für eine immense Rolle gespielt hat und das kann man in Luxemburg an vielen Stellen sehen.”
“Luxemburgs Geschichte einer Fussball-Liebe”
Dat war natierlech Grond genuch e Buch iwwert de Lëtzebuerger Fussball ze schreiwen, an eraus kommt en intressant Wierk vu ronn 400 Säiten. Den Hardy Grüne hat am Fong net wëlles esou e voluminéist Buch iwwert de Lëtzebuerger Fussball ze schreiwen. Mee wou e bis am gaange war, koum et ganz anescht.
“Als ich dann geschrieben habe, hab ich gedacht, 400 Seiten werden knapp, ich brauche eigentlich 600 Seiten, weil ich noch viel, viel mehr Geschichten hatte, die ich eigentlich hätte erzählen wollen. Und dann habe ich aber gesagt, so 400 Seiten ist dann auch mal gut. Das ist eine kompakte Geschichte dann.”
Eng Reportage war d’Ausgangsiddi
Den Hardy Grüne wollt eng Zort "Reportageband" schreiwen an en ass dofir mam Vëlo duerch Lëtzebuerg gefuer, do dann och nees Kombinatioun Fussball a Reesen.
“Und wollte ein paar Reportagen bringen aus Eischen und aus dem Minett und aus der Hauptstadt. Da kämmen aber so viele Geschichten zusammen, dass sich da letztendlich diese Chronik des Fußballs in Luxemburg raus entwickelt hat. Und die musste dann mindestens 400 Seiten haben.”
De Lëtzebuerger Fussball war dem Auteur net friem
Well den Hardy Grüne jo e passionéierte Sammler vu Fussballspéngele war, huet hien natierlech och déi vu Lëtzebuerg gesammelt an hat och Kontakt op Lëtzebuerg, sou datt hie sech scho mat de Veräiner auskannt huet.
“Und mir waren auch teilweise die Geschichten vertraut. Ich wusste natürlich auch von den großen Zeiten von Mannschaften wie Jeunesse oder Red Boys, Avenir Beggen oder Union, die Düdelinger Vereine. Das sind alles schon Sachen gewesen, die mir vertraut waren, ich musste es dann zusammen bündeln.”
Dem Hardy Grüne säi Fussballshäerz schléit fir dräi Veräiner, wéi gesot an Däitschland fir “Göttingen 05”, an England fir Bristol an a Frankräich fir “En avant Guingamp”.
Fussball steet am Mëttelpunkt
An zesumme mam Frank Willig ass hien de Co-Editeur vum Quartalmagasin “Zeitpiel-Magazin für Fussball-Zeitgeschichte”.
Dem Hardy Grüne säi Buch iwwert de Lëtzebuerger Fussball mam Titel „Luxemburg-Geschichte einer Fussball-Liebe“ fannt der ville Librairien oder och direkt beim däitschen Zeitspiel-Verlag.