An der Receptioun vun Erasmy Pompes Funèbres steet eng antik Päerdskutsch. D'Lued, déi drop läit, ass nawell speziell, an zwar aus Eechenholz, mat Goldblat dekoréiert, an d'Schrauwen si vun der Kristallerie Swarovski.
Aner Reliounen, aner Traditiounen
Op engem muslimeschen oder jiddesche Begriefnis wier esou eng ongewéinlech an net-alldeeglech Kreatioun sécherlech net ze gesinn. Dekoratiounen op der Lued sinn do ee groussen Tabu.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Lueden dem Gesetz no obligatoresch. Eppes, wat fir d'Moslemen éischter problematesch ass. Bei hinne gëtt de Verstuerwenen einfach an engem wäissen Duch begruewen, erkläert de Mike Reuter vun Erasmy Pompes Funèbres.
"Bei de Moslemen ass et esou, dass déi quasi de Minimum wëllen hunn, spréch vun der Lued un. Do dierf kee Stoff dra sinn, do dierf just Auslafschutz dra sinn. Bei de Moslemen ass et esou, dass si - iert si an d'Lued kommen - eng Waschung gemaach kréien. Bei de Frae sinn et d'Fraen, déi d'Fra wäschen, an d'Männer, déi d'Männer wäschen."
Zu Märel am Carré Musulman ass eng extra Plaz gemaach ginn, fir datt Moslemen do kënne bäigesat ginn, erkläert de Mike Reuter.
Wichteg ass, datt dem Doudege säi Kapp a Richtung vun der Mekka läit. Bei de Mosleme soll ee Verstuerwene wa méiglech och de selwechten Dag vu sengem Doud begruewe ginn. Eppes, wat zu Lëtzebuerg net méiglech ass, wéinst de Formalitéiten, déi virdru musse gekläert ginn.
Am jiddesche Glawen ass d'Ritual vun der Kierperwäsch kodifizéiert. Et ass d'Rengegung vum Kierper. Den Doudege kritt ee wäisst Duch op d'Gesiicht geluecht. De Sarg ass ganz einfach an ouni Dekoratioun. Et gi beim Begriefnis keng Blummen op d’Graf geluecht.
Individuell Zeremonien
Och d'Anäscherung ass bei de Judden net erlaabt. Iwwerdeems hunn d'Chineesen oder Buddhiste ganz speziell Traditiounen, verréit de Mike Reuter.
"Mir hu buddhistesch Begriefnisser. Oder Begriefnisser, wou d'Chineese selwer hir Zeremonien halen. Dat heescht, de Sarg, dee kënnt dann op de Kierfecht, gëtt an d'Kapell eragesat an da kënnt d'Famill, mat allem wat se dobäi wëllen hunn. Si bréngen Iesse mat, si brénge Räucherstäbecher mat, an dann hale si bannendran hir Zeremonie of."
Wat geschitt, wann ee sech net méi mat engem Glawe kann identifizéieren?
"Et gëtt awer d'Méiglechkeet, sech bäisetzen ze loossen. An et ass awer ee Formelle vun der Gemeng, entweeder ass dat de Buergermeeschter a Buergermeeschtesch oder ee jeeweilege vum Schäfferot, deen dann déi Zeremonie hält. Déi melle sech dann och normalerweis am Virfeld nach eng Kéier bei der Famill, fir nach eng Kéier gewëssen Informatiounen ze kréien, fir dann e bësse méi spezifesch op déi Persoun anzegoen."
Rapatriementer an d'Ausland
Mat der gréisserer auslännescher Populatioun ginn et och vill Rapatriementer an d'Ausland. Fir méi laang Strecke gëtt den Transport iwwer Fliger organiséiert. Dacks ginn et do ganz speziell Exigenze vun den Destinatiounslänner.
De Pompes funèbres muss virop ee "Laissez-Passer" ufroen, preziséiert de Cyrille Bellwald vun Erasmy Pompes Funèbres.
"Déi "Laissez-passer", déi kréie mir vum Ministère de la Santé. Wann et elo ausserhalb der EU sollt sinn, musse mir dat nach mam Konsulat an den Ambassaden ofklären. Hei zu Lëtzebuerg hu mir jo net all d'Ambassadë vun der ganzer Welt. Dat heescht, hei musse mir souguer bis op Bréissel fueren."
Da kommen och aner Prozedure wéi d’Abalsaméierung dobäi. D'Thanatopreparatiounen nennt een dat. Et gi Länner, wéi an Afrika zum Beispill, wou et eng Flicht ass, soubal eng Lued per Fliger rapatriéiert gouf, datt eng Preparatioun mat deem Kierper geschéie muss, erkläert de Cyrille Bellwald.
Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Spezialist fir d’Abalsaméierung. An deem Fall gëtt op ee belsche Spezialist zeréckgegraff. Déi Technik ass fir Judden, Orthodoxen, Moslemen oder nach Buddhisten net erlaabt.