arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Handelsgespréicher mat USA nees opgeholl  

Kanada

|
reading time

1 min

Handelsgespréicher mat USA nees opgeholl  

Kanada annoncéiert eng Reprise vun den Handelsgespréicher mat den USA. Déi ware leschte Freideg vum US-President Donald Trump gestoppt ginn.

reading time

1 min

De kanadesche Premierminister Mark Carney mécht um Sonndegowend d’Annonce vun der Reprise vun den Handelsgespréicher mat den USA mat.  | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
De kanadesche Premierminister Mark Carney mécht um Sonndegowend d’Annonce vun der Reprise vun den Handelsgespréicher mat den USA mat. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Mëttlerweil huet Kanada eng geplangten Digitalsteier fir grouss Techkonzerner (DST) fale gelooss. Dat war nämlech de Grond, wisou den Donald Trump d'Verhandlunge gestoppt hat. Déi Steier hätt u sech dëse Méindeg sollen a Kraaft trieden.

Den Donald Trump hat déi Steier en "direkten Ugrëff op d'USA" genannt. Kanada géif mat där Steier déi Europäesch Kommissioun kopéieren. Mat der EU lafen dozou Gespréicher.

Kanada an d'USA wëlle bis zum 21. Juli zu enger Eenegung kommen.