Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas akzeptéiert Propos fir Wafferou - Nach keng Äntwert vun Israel

Noen Osten

Hamas akzeptéiert Propos fir Wafferou - Nach keng Äntwert vun Israel

D’Situatioun am Süde vun der Gazasträif spëtzt sech zou. Déi israeelesch Arméi huet eegenen Aussoen no d‘Kontroll vum Grenziwwergang zu Rafah an der Gazasträif iwwerholl. Een Dag nodeems Israel eng nei Offensiv an Deeler vun der Stad lancéiert huet.

auto_stories

2 min

Palestinenser | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

100.000 Leit goufen opgeruff, den Oste vu Rafah ze verloossen a sech an humanitäre Campen a Sécherheet ze bréngen. Zanter gëschter wiere 25 Membere vun der Hamas zu Rafah dout gemaach ginn, esou Israel. Déi israeelesch Arméi huet Biller diffuséiert, op deenen ee Panzere mat israeelesche Fändele gesäit, déi déi palestinensesch Säit vum Grenziwwergang mat Ägypte besetzen.

Rieds geet vun engem präzisen Anti-Terror-Asaz a limitéiertem Ëmfang. De Passage ass ee vun de wichtegsten, fir humanitär Hëllef op palestinensescht Gebitt ze bréngen.

UNO kritt Accès op de Grenzpassage verbueden

Ee Porte-Parole vun der UNO huet gemellt, datt déi israeelesch Autoritéiten der UNO den Accès zu deem Grenzpassage verbueden hätten. Hien huet weider gewarnt, datt d’Spritreserve vun de Vereenten Natiounen, fir déi humanitär Hëllefsleeschtungen am Gebitt ze assuréieren, just nach fir een Dag géifen duergoen.

D’Hamas hirersäits huet den israeelesche Grenziwwergang Kerem Schalom op en Neits bombardéiert, och dat e wichtege Point de passage fir d‘Hëllefsliwwerungen aus Israel. Iwwer méiglech Affer ass bis ewell näischt gewosst. Eréischt e Sonndeg ware 4 Zaldote bei enger Attack op de Passage em d’Liewe komm. Zanterhier ass den Iwwergang gespaart.

International Communautéit warnt virun humanitärer Katastroph

D’Angscht viru grave Konsequenze fir d’Zivilbevëlkerung geet ëmmer weider an d’Luucht. China huet Israel de Mueren nach eemol opgefuerdert, d‘Attack op Rafah ze stoppen an alles dofir ze maachen, fir eng nach méi grouss humanitär Katastroph an der Gazasträif ze verhënneren. Den EU-Ausseminister Josep Borrell huet virun enger héijer Unzuel un zivillen Doudesaffer gewarnt.

Iwwerdeems ginn d‘Verhandlungen iwwert eng Wafferou haut an eng weider Ronn. Gëschter Owend hat d‘ Hamas gesot, si géif déi lescht Propose vun Ägypten an dem Katar acceptéieren. Israel huet allerdéngs blockéiert: D’Propose géing deemno net den israeelesche Fuerderungen entspriechen. Israel huet fir d‘Negociatiounen haut eng Delegatioun an Ägypte geschéckt.