arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas: Rout Kräiz kritt Geisel-Zougang - UNO rifft Drénglechkeetssëtzung an

Gazasträif

|
headphones

1 min

Hamas: Rout Kräiz kritt Geisel-Zougang - UNO rifft Drénglechkeetssëtzung an

An der Gazasträif huet d‘Hamas annoncéiert, si géif dem internationale Roude Kräiz Zougang zu de Geiselen erlaben. Dat awer ënner der Konditioun, datt Israel humanitär Korridoren opmécht fir Hëllef an de palästinenseschen Territoire ze bréngen.

headphones

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet den Internationale Kommitee vum Roude Kräiz gefrot, de Geiselen ze hëllefen.

D'Hamas hat d'lescht Woch Videoe vun zwou Geisele publizéiert, déi dënn an ofgeschwächt ausgesinn. Dat huet international Kritik ausgeléist. D'Hamas sot, et géif eng Hongersnout an der Gazasträif ginn an och d'Geisele wieren dovu betraff.

Den UNO-Sécherheetsrot soll sech muer um Dënschdeg an enger Drénglechkeetssëtzung mat der Situatioun vun de Geiselen an der Gazasträif befaassen. Den israeeleschen UNO-Ambassadeur huet d‘UNO opgeruff, der Hamas hir Publikatioun vu Geisel-Videoen ausdrécklech ze verurteelten.

Op de Biller gesäit een zwou Geiselen, déi dënn an ofgeschwächt ausgesinn. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet gefuerdert, datt dat internationaalt Rout Kräiz Zougang zu de Geisele kritt fir hinnen ze hëllefen. 

Israeelesche Medie no géif déi israeelesch Arméi eng geziilte Militäraktioun plangen, fir d'Geiselen ze befreien. Eng 50 Geisele sollen nach an der Gewalt vun der Hamas sinn, dovu ronn 30, déi nach liewen.