Virun allem an der Haaptstad Port-au-Prince gëtt d‘Liewen aktuell vu kriminelle Bande regéiert. En plus soll dee Conseil déi éischt Walen zënter 2016 organiséieren. Wéini dee Conseil awer mat senger Aarbecht ufänkt, ass aktuell nach net kloer. Den aktuelle Premier Ariel Henry huet annoncéiert, wëllen zeréckzetrieden, esou bal eng nei Regierung steet.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Haiti: Presidentiellen Iwwergangsrot soll nees Uerdnung schafen
No laange Verhandlungen
Haiti: Presidentiellen Iwwergangsrot soll nees Uerdnung schafen
No wochelaangen, schwierege Verhandlungen, gouf et op Haiti elo een Accord iwwer e presidentiellen Iwwergangsrot. Deen soll probéieren, eng nei Regierung op d‘Been ze kréien, an déi ëffentlech Uerdnung op Haiti erëm hierzestellen.
auto_stories
1 min