Den US-amerikaneschen Diplomatiechef Anthony Blinken huet d'Demande vum Procureur vum Internationale Strofgeriichtshaff an enger éischter Reaktioun schaarf kritiséiert. Hien huet betount, datt d‘Cour pénale internationale keng Kompetenz hätt iwwer Israel.
Een internationale Grupp vun Experte koum a senger Analys awer zur Conclusioun, datt den CPI wuel déi Kompetenz hätt. Och d‘Agatha Verdebout vum Grip (Groupe de recherche et d‘information sur la paix et la sécurité) kënnt zu där Schlussfollgerung.
"CPI zoustänneg fir Gaza an Israel"
D’Cour pénale internationale gouf duerch de Statut de rome an d’Liewe geruff. 124 Länner hunn dee Statut ratifizéiert, an och d’Palästinenser, déi nach ëmmer keen eegent Land hunn, hate gefrot fir de Statut vu Roum kënnen ze ënnerschreiwen. Eppes wat d’CPI an enger historescher Decisioun acceptéiert hat. Doduerch ass d’Cour pénale internationale net nëmme fir d’Gazasträif zoustänneg, mee och fir Israel, erkläert d’Agatha Verdebout, Fuerscherin beim GRIP.
Ee weidere Punkt an der Uklo vun der CPI betrëfft d’Erhéngere vun der Populatioun an der Gazasträif. Och dat ass als Krichsverbriechen am Statut vun der CPI am Artikel 8 beschriwwen.
Opgefall ass, datt de Procureur dee selwechten Dag een Haftbefeel géint d’Hamasleaderen a géint den israeelesche Premier a géint déi israeelesch Defenseministere gefrot huet.
Zum Reproche vun Israel, datt d’Cour pénale internationale hinnen deen Ament d’Méiglechkeet géif ewechhuele sech ze wieren, erënnert d’Agatha Verdebout drun, datt ee Land och am Fall vum Droit de Défense d’Reegele vum Internationale Recht muss respektéieren. Dat wier och fir de Schutz vun der Zivilpopulatioun.
Lëtzebuerger Regierung gëtt kee Kommentar
Frankräich huet d‘Annonce vun der Demande ëm den Haftbefeel begréisst. Frankräich hätt d‘Hamas-Attack vum 7. Oktober op Israel direkt verurteelt, a Frankräich géif och zanter Méint schonn drop pochen, datt Israel sech misst un dat internationaalt humanitäert Recht am Krich an der Gazasträif halen. Frankräich géif sech fir eng dauerhaft politesch Léisung an der Regioun asetzen.
De lëtzebuergesche Premierminister Luc Frieden huet op Nofro matdeele gelooss, datt hien an d’Regierung keng lafend Justizprozedure géife kommentéieren.