arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haff gëtt Joyeuses Entrées vu groussherzoglecher Koppel bekannt

Grand-Duc

|
headphones

1 min

Haff gëtt Joyeuses Entrées vu groussherzoglecher Koppel bekannt

De groussherzoglechen Haff huet de Programm vun de Joyeuses Entrées vun der neier groussherzoglecher Koppel bekannt ginn. De Grand-Duc Guillaume hat a senger Chrëschtdagsried schonn ugekënnegt, datt 5 Statiounen dofir virgesi sinn. Éischt Etapp ass de 24. Abrëll zu Esch-Uelzecht.

headphones

1 min

De Grand-Duc Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie mam Prënz Charles  | © picture alliance / Royal Press Europe | Albert Nieboer
De Grand-Duc Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie mam Prënz Charles (Foto: picture alliance / Royal Press Europe | Albert Nieboer)

Den 10. Juli steet dann Ëlwen um Programm an den 2. Oktober Wuermer. 2027 stinn nach zwee Rendez-Vousen um Programm, do stinn déi genee Datumen awer nach net fest. Do wäert déi groussherzoglech Koppel nach Biekerech a Miersch fir hir Joyeuse Entrée besichen. 

Den Haff huet dann an engems och matgedeelt, datt de Grand-Duc Guillaume an d‘Grande-Duchesse Stéphanie dëst Joer um Virowend vun Nationalfeierdag zu Déifferdeng an zu Ettelbréck wäerte sinn.