search

/ Hafe vun Antwerpen soll a 24 Stonnen nees opgoen, no enger Pëtrolsfuite

Belsch

|
reading time

1 min

Hafe vun Antwerpen soll a 24 Stonnen nees opgoen, no enger Pëtrolsfuite

Am Hafe vun Antwerpen ass de Schëffsverkéier momentan blockéiert, dat wéinst enger Pëtrolsfuite. Den Hafe soll awer a 24 Stonnen nees opgoen. Dat ass d‘Hoffnung vum Hafebedreiwer.

reading time

1 min

Hafe vun Antwerpen | © picture alliance / Zoonar | Werner LEROOY
Hafe vun Antwerpen (Foto: picture alliance / Zoonar | Werner LEROOY)

Gëschter Owend war et beim Betanke vun engem Schëff zu enger Pann komm wouduerch Pëtrol an d‘Schelde gelaf ass. An Tëschenzäit lafe Botzaarbechten. Fir ze verhënneren, datt de Pëtrol weider an d‘Mier leeft, goufen eng Rei vu Schleisen zougemaach, esou datt d‘Schëffer net kënnen eraus an eran. Déi Situatioun kéint sech iwwer e puer Deeg zéien.

Den Hafe vun Antwerpen ass no Rotterdam deen zweetgréisste Wuerenhafen an Europa.