Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ "Hadsel" vu Beirut

Album vun der Woch

"Hadsel" vu Beirut

Lescht Joer war nach eng Sammlung vu méi ale Wierker vum Grupp erauskomm, dobäi ass “Hadsel” awer dat éischt richteg Neies zënter véier Joer. Hannert der Formatioun stécht haaptsächlech de Zach Condon, an op dëser sechster Scheif bleift hie sengem Sound och zimmlech trei. An trotzdeem geet hien no vir.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Seng waarm déif Stëmm vermécht sech mat lauter aneren Harmonien, déi hie wéi lauter Schichten openeen tässelt. Säi Bariton steet am Mëttelpunkt, an de Cor ass och dat Instrument, wat mat liewege Melodien duerch déi meescht Lidder zitt. Et ass och dat Element, wat Beirut wierklech ausmécht, an och op dëser Scheif nees gutt funktionéiert.

Mat enger Drum-Machine a Synthesizer sinn och elektronesch Instrumenter an den Album mat era gerutscht, ganz besonnesch an “Hadsel” ass awer eng Uergel, déi nieft der Stëmm, an dem Cor zum Kär vun dësem Album gëtt.

D’Gefill jiddereen am Stach ze loossen

Virun e puer Joer misst de Zach Condon wéinst gesondheetleche Problemer gréisser Deeler vun der Tour ofsoen. Doropshi goung et him immens schlecht, well hien d’Gefill hat lauter Fans, seng Band a sech selwer am Stach ze loossen. Hien war sech och net sécher op seng Problemer mam Hals iergendwann eng Kéier géifen ophalen.

Fir bëssi Trouscht ze fannen, a fir säi mentale Kollaps, deen en zanter senger Jugend matschleeft ze verschaffen, huet hien sech du mat enger Rei Instrumenter an den däischtere Wanter vun Norwege verzunn.

Ee mageschen Uert

Vun do kënnt och den Titel vum Album hier, Hadsel ass nämlech déi Insel iwwert dem nërdleche Polarkrees op där hie fir zwee Méint mat der däischtert komplett an sech andauche konnt.

Den Zach Condon krut Zougang zu enger 200 Joer aler Kierch aus Holz, an an där stoung och genee déi Uergel, déi op der neier Scheif ze héieren ass. Wärenddeem Polarliichter um Himmel gedanzt hunn, huet hien d’Uergel op der Plaz selwer opgeholl, a bréngt och domat dem Nolauschterer dëse scho bal mageschen Uert méi no.

Album dee vun Emotiounen explodéiert

Aus enger intensiver Zäit ass ee rouegen Album entstanen, deen net vun Energie, dofir awer vun Emotiounen explodéiert. Et ass och genee an deene Momenter, wou de Cor d’Lidder no vir rappt an d’Uergel deem ganze Raum gëtt, een déi Intensitéit och eraushéiert.

Dobäi ginn déi 12 Lidder vun enger gelongener Spannung tëscht neien an alem zesumme gehalen: sakral Téin vun der Uergel verschmëlzen hei mat den elektroneschen Drums an dem Synthesizer.

Dëse Sprong geléngt och net nëmmen op musikaleschem Niveau.

D’Iddi, datt ee Kënschtler sech zréck zitt fir sech selwer méi no ze kommen an Inspiratioun ze sammelen, ass spéitstens Zanter dem Henry David Thoreau sengem Roman “Walden” aus dem Joer 1854 méi populär ginn. Et ass also keng besonnesch nei Method déi den Zach Condon hei ugewannt huet. An och wann den Album sech familiär no Beirut unhéiert, ass et gläichzäiteg een neit authentescht Wierk, an een neie Start fir de Museker, deen nees senger Stëmm vertraue kann.

Lauschterenplay_arrow