Eng Preventioun virun der Expositioun. Et ass eng Pëll déi Leit, déi nach net infizéiert sinn, all Dag huele kënnen. Ob een den Traitement iwwer Wochen, Méint oder Joren hëlt, ass dobäi jidderengem selwer iwwerlooss.
Zu Lëtzebuerg ass d’Nofro grad méi grouss, ewéi d’Offer. Bis 2025 hofft d‘Laurence Mortier, kann een den Zougank fir all Persoun déi den Traitement wëll, vergréisseren. Den Ament muss een dofir nach bei ee spezialiséierten Dokteren an der Infektiologie am Nationalen Déngscht fir Infektiounskrankheeten am CHL goen.