Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ HIV-Infaktiounen: Eng Hoffnung mam Numm Prep

Nom Welt Aids Dag

HIV-Infaktiounen: Eng Hoffnung mam Numm Prep

Nëmmen duerch Preventioun kéint een d‘HIV Epidemie stoppen, seet d‘Laurence Mortier, Chargée de Direction vun der HIV-Berodung vun der Croix Rouge. Ee Schutzmëttel vun der neier Generatioun wier de PrEP.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock / Chinnapong
Foto: Adobe Stock / Chinnapong

Eng Preventioun virun der Expositioun. Et ass eng Pëll déi Leit, déi nach net infizéiert sinn, all Dag huele kënnen. Ob een den Traitement iwwer Wochen, Méint oder Joren hëlt, ass dobäi jidderengem selwer iwwerlooss. 

Zu Lëtzebuerg ass d’Nofro grad méi grouss, ewéi d’Offer. Bis 2025 hofft d‘Laurence Mortier, kann een den Zougank fir all Persoun déi den Traitement wëll, vergréisseren. Den Ament muss een dofir nach bei ee spezialiséierten Dokteren an der Infektiologie am Nationalen Déngscht fir Infektiounskrankheeten am CHL goen.