Zu Roum war de Sonndeg Moien eng Mass mat ronn enger Millioun Jonken aus aller Welt, eng Mass déi vum Poopst Leo gehale gouf. Et ass den Ofschloss vun engem Jugendtreffen am Kader vum Jubilé, dem hellege Joer, dat déi kathoulesch Kierch all 25 Joer feiert
De Samschdeg den Owend scho war de Poopst bei enger Gebietsveillée. Hie gouf do vun de Jonken, no enger spektakulärer Arrivée am Helikopter wéi e Rockstar gefeiert.
Zënter enger Woch sinn och 90 Jonker, Paschtéier a Seminaristen aus Lëtzebuerg zu Roum. Ënnert hinnen de Lenny Meyers vun der Jugend Pastorale.
D'Visitt vum Poopst François zu Lëtzebuerg hätt hie schonn immens touchéiert an dofir wollt hie sech et och net entgoe loossen, fir den neie Poopst zu Roum ze gesinn.
"A besonnesch dat am Grupp ze erliewen dat ass awer eng flott Saach a mat de Kolleegen dann esou eppes ze erliewen. Et ass ëmmer eppes aneres, wéi wann een dat mat der Famill mécht oder eleng."
De Poopst Leo wier immens lieweg an et géif ee mierken, datt hien enger anerer Generatioun entspréngt a méi zukunftsorientéiert ass.
"Hien huet jo och den Numm net fir näischt gewielt als Hommage un de Leo den 13. deen och vill Ännerunge mat sech bruecht huet. An ech si mer sécher, datt eisen neie Poopst, de Leo de 14. awer och do an déi Richtung goe wäert."
(Foto: Lenny Meyers)
"Eng aner Stëmmung"
Et géif sech „scho speziell“ ufillen duerch déi helleg Paart vun der Péitersbasilika ze goen, seet de Lenny Meyers.
"Et spiert sech awer schonn un, wéi wann do vill hannendru wier. An dat ass e gutt Gefill awer, wann een derduerch ugeet."
D‘Ambiance an der Grupp mat deem hien zu Roum ass, wier immens gutt, sou de Lenny Meyers.
"Mir hu ganz, ganz vill gesongen. Mir haten och d'Chance, datt bei eis an der Por, wou mir geschlof hunn, datt een do nach e Grupp aus Finnland an e Grupp aus dem Irak hat. Zemools, wa se de Lëtzebuerger Fändel gesinn hunn, da woussten d'Leit net ëmmer direkt vu wou een ass… Wéi mer dann duerch d’Paarte gaange sinn… An de Kierche selwer war dann och ëmmer natierlech eng aner Stëmmung."