An deem Schreiwes, dat vun all de Presidente vun aussepolitesche Kommissioune vun europäesche Parlamenter soll ënnerschriwwe ginn, gëtt gefuerdert, datt d’Ukrain op kee Fall Territoiren dierft.
Mee den DP-Deputéierten ass, wéi hie sot, Realist.
Wuel wier et gutt, datt sech d’US-amerikanesch a russesch Presidente gesinn, fir iwwert d’Ukrain ze schwätzen. Net gutt wier awer, wa Kiew net mat um Dësch sëtze géif.
"Et kann hei net iwwert d'Schicksal vun engem Land diskutéiert, gegebenefalls souguer decidéiert ginn, ouni datt dat Land selwer duerch säin Haaptrepresentant present ass. An dat gëtt dem Ganzen awer e bëssen e batteren Nogeschmaach."
EU hätt misste mat bedeelegt ginn
Dofir wiere seng Erwaardungen un dee Sommet dann och ganz geréng, seet de Gusty Graas. Deen et och ganz onglécklech fënnt, datt d’EU net bei deem Sommet an Alaska dobäi ass. Dobäi hätten d’Europäer bei der Gestioun vun der Kris eng grouss Roll gespillt.
"D'EU hätt missen hei mat um Dësch sëtzen. Hei geet et schlussendlech och ëm d'Zukunft vun engem potenzielle Member vun der Europäescher Unioun."
Net optimistesch wat den Ausgang vun de Gespréicher ugeet
E Solo vu Putin an Trump wier de falsche Wee, erkläert den DP-Deputéierten. Deen awer d’Befierchtung huet, datt d’Ukrain 20 Prozent vun hirem Territoire verléiert, wat net gutt fir d’Zukunft vum Land a vum President Wolodymyr Selenskyj wier.
Lëtzebuerg stéing egal wéi weider un der Säit vun der Ukrain. Et hätt ee sech staark a richtegerweis fir d’Ukrainer engagéiert, betount de President vun der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber. Säin Optimismus wier awer, wéi gesot, extrem begrenzt.
"Ech hunn natierlech eng gewëss Hoffnung, datt et net esou ausgeet, wéi ech a mengem Banneliewen dat fäerten z’erliewen, dat heescht effektiv d'Ukrain hei wäert de Verléierer ginn."
Hie géif hoffen, datt dat kéint evitéiert ginn, sou de Gusty Graas.
An och d'Sam Tanson vun déi gréng kuckt net allze optimistesch op de Sommet tëschent Putin an Trump. Si fäert och, datt dat Treffen zu Laaschte vun der Ukrain ze goen. Wuel kéint et net schueden, ze probéieren de Krich an der Ukrain op een Enn ze bréngen. D'Sam Tanson fäert awer, datt Russland déi besaten Territoire behalen dierf a fir dee Krich belount gëtt.