arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussherzoglech Visitt a Spuenien: D'Freed bei de Student:innen war grouss

Visitt zu Madrid

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Groussherzoglech Visitt a Spuenien: D'Freed bei de Student:innen war grouss

De Grand-Duc Guillaume an d’Grand-Duchesse Stéphanie waren op Visitt a Spuenien. Dat op Invitatioun vun der Spuenescher Kinnekskoppel. Mat vun der Partie waren och den Ausseminister Xavier Bettel, de Finanzminister Gilles Roth an de Wirtschaftsminister Lex Delles.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Clara Erickson, Studentinnen op der IE-Universitéit | © 100,7
Clara Erickson, Studentinnen op der IE-Universitéit (Foto: 100,7)

Kuerz no eng Auer den Donneschdeg Mëtteg sinn de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie beim Palais Royal de Madrid vum spuenesche Kinnek Felipe de Sechsten a senger Fra Letizia empfaange ginn. Dat a Präsenz vum spuenesche Militär déi an der garde-à-vous am Haff virum kinnekleche Palais stoungen.

Den Trounwiessel a Spuenie war am Joer 2014. De Felipe de VI an seng Fra Letizia waren am selwechte Joer deemools op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg.  

Echange tëschent de Kulturen 

No der Receptioun war e grouss Mëttegiessen am Palais. De Spuenesche Kinnik huet a senger Ried iwwer Dësch betount, datt Lëtzebuerg mat engem Auslännerundeel vu ronn 48 Prozent grad esou wéi Spuenien en oppent an engagéiert Land wier. 

"Méi wéi 9.000 Spuenier a Spuenierinnen hunn zu Lëtzebuerg néi Carrièreschancë grad wéi een neit Doheem fonnt. Dorënner och vill ambitionéiert Jonk Leit. Ëmgedréint beräichere méi wéi 1.000 Lëtzebuerger déi Spuenesch Gesellschaft." 

Nom Palais Royal hunn de Grand-Duc an d’Ministeren sech mam Spuenesche Premier Minister Pedro Sanchez getraff. Dono stoung eng Visitt am Spuenesche Parlament “Palais des Cortes” um Programm, wou de Grand-Duc sech an der “Salle des pas perdus” an dat gëllent Buch agedroen huet.

Universitéit am Business-Center vu Madrid

Um zweeten Dag vun der Visitt huet déi groussherzoglech Koppel eng privat Universitéit am Business-Center vu Madrid besicht. Op dem Instituto de Empresa als dem Institue des Entreprises kuez IE studéiere ronn 25 Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen. Ënnert hinnen war eng Jonk Studentin déi am zweete Joer Bachelor Ëmwelt-Wëssenschaften ass. 

"Moien, main Numm ass Clara Erickson an ech studéieren Environmental Science op der Universitéit IE"

Hier Mamm wier Lëtzebuergerin, hire Papp Amerikaner, esou d’Clara Erickson. Si hätt hirer Lëtzebuergescher Bomi erzielt, datt déi Groussherzoglech Koppel géif op Visitt  op hir Uni kommen. Dofir ass si de Freideg aus der Staat Segovia wou hier Fakultéit ass extra op Madrid gefuer.

"Dat ass wierklech een extrae Moment. Ech kann et guer net gleewen, datt ech als Studentin d’Chance hunn haut do dobäi ze sinn. Ech hätt déi Opportunitéit eng Ried vum Grand-Duc Guillaume, de Minister Bettel a Roth an all deenen aner Lëtzebuerg déi haut hei schwätzen halen net kënnen entgoe loossen. Ech si wierklech esou frou iwwert dës Chance."

D’Clara Erickson fillt sech net esou sécher an der Lëtzebuergescher Sproch. Dofir huet si d’Froen op Englesch beäntwert. Nom Lycée an der International School zu Lëtzebuerg hätt si sech fir Spuenien entscheede well.

"Vue datt meng Famill zu Lëtzebuerg ass wollt ech net ze wäit fort. Gläichzäiteg wollt ech awer een néit Land kenne léieren. Ech fanne Spuenien huet mega schéin Natur, d’Uni ass gutt an do hunn ech d’Chance ergraff hei ze studéieren. A si frou, datt ech et gemaach hunn."

Si fënnt datt Lëtzebuerg par Rapport zu anerem europäesche Länner scho vill géint de Klimawandel géif maachen. Op d’Fro wat si mat hirem Studium an Ëmwelt-Wëssenschafte dono wéilt a Spuenien oder zu Lëtzebuerg maache sot si.

"Dat ass eng zimmlech schwéier Fro, et ginn esou vill Weeër wéi een Ëmwelt-Wëssenschaft uwende kann. An ech gesinn definitiv datt de Wëllen do ass an der Gesellschaft fir e méi ëmweltfrëndlech Denken. Dat wëll ech ausbauen."    

Zukunft léich an den Hänn vun de Jonken

De Grand-Duc huet a senger Ried op der Uni betount, datt d’Zukunft vu Lëtzebuerg an Europa an den Hänn vun de Jonke léich. D’Studenten a Studentinne konnten no der Ried nach de Ministeren Delles a Roth Froe stellen.

Déi déi Froen un den Ausseminister Xavier Bettel preparéiert hate kéinten dës noreechen, esou d’Responsabel vum Département fir Politik an International Relatiounen vun der Uni. De Xavier Bettel war schonn een Dag éischter vun der Visitt zréck op Lëtzebuerg gereest. Dat wéinst de Rapatriementer aus dem Oman op Lëtzebuerg wéinst dem Krich am Noen Osten.  

play_arrow Lauschteren