arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussherzoglech Koppel reest an d‘Belsch an Däitschland

Offiziell Deplacementer

|
headphones

1 min

Groussherzoglech Koppel reest an d‘Belsch an Däitschland

Déi nei groussherzoglech Koppel reest fir hir éischt zwee offiziell Deplacementer an Nopeschlänner Belsch an Däitschland. Dat huet den Haff matgedeelt.

headphones

1 min

Fir hir éischt Auslandsrees reesen de Grand-Duc Guillaume an d’Grand-Duchesse Stéphanie e Freideg op Bréissel, si ginn do vum belsche Kinnek an der belscher Kinnigin empfaangen. De 27. Oktober, nächste Méindeg, reest déi groussherzoglech Koppel dann an déi däitsch Haaptstad Berlin, wou si vum däitsche Bundespresident Frank Walter Steinmeier a senger Fra Elke Büdenbender empfaange ginn. 

Wéi den Haff an engem Schreiwes matdeelt, wäerte si op béide Reese vum Ausseminister Xavier Bettel begleet ginn.