search

/ Groussherzog Guillaume an eng Rei Ministere sinn d'nächst Woch op Visite an den USA

Wirtschaft

|
reading time

1 min

Groussherzog Guillaume an eng Rei Ministere sinn d'nächst Woch op Visite an den USA

De Groussherzog Guillaume, de Vizepremier Xavier Bettel an d‘Ministere Lex Delles a Gilles Roth sinn d‘ganz nächst Woch op Visitt an den USA. Ënner anerem ass de Groussherzog op enger Präisiwwerreechung fir US-Entreprisen invitéiert, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, heescht et an engem Communiqué.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Fir de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel an de Finanzminister Gilles Roth sinn Entrevuë mat Vertrieder aus der US-Wirtschaft virgesinn. 

De Wirtschaftsminister Lex Delles wäert mat enger Rei Entreprisen an Acteuren aus der Raumfaart zesummekommen. Hie wäert do och un enger Versammlung deelhuelen, op där Experten aus ganzer Welt zu dem Sujet zesummekommen.

Och d‘Chambre de Commerce wäert fir eng Wirtschaftsmissioun d‘nächst Woch an d‘USA reesen.