arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grousse Projet vu Giorgetti kritt keng Baugeneemegung

Kockelscheier

|
headphones

2 min

Grousse Projet vu Giorgetti kritt keng Baugeneemegung

Um Boulevard Kockelscheier, vis à vis vum neie Fussballstadion, wëllt de Grupp Felix Giorgetti e groussen Hotelsprojet realiséieren. Eleng wéinst senger Gréisst kritt dësen allerdéngs keng Autorisatioun vun der Stad Lëtzebuerg. De Projet géif iwwerschafft wéi de Promoteur dem 100,7 confirméiert.

headphones

2 min

E risegt Gebai mat dräi Flilleken an enger Surface vun iwwer 70.000 Meterkaree | © ëmwelt.lu
E risegt Gebai mat dräi Flilleken an enger Surface vun iwwer 70.000 Meterkaree (Foto: ëmwelt.lu)

E risegt Gebai mat dräi Flilleken an enger Surface vun iwwer 70.000 Meterkaree, en Hotel mat 522 Zëmmeren, Restauranten a Wellnessberäich, eng Event-Hal fir 4.400 Leit an zousätzlech 477 Parkplazen: Esou gesäit de Projet aus, deen de Grupp Felix Giorgetti op der Kockelscheier direkt nieft de Bësch wëllt bauen.

270.000 Kubikmeter Buedem missten ausgebaggert ginn

Déi verschidden Etüden zum Projet, déi am Kader vun der Ëmweltprüfung virleien an ëffentlech zougänglech sinn, hunn eng ganz Rei vu Problemer opgewisen: Den Terrain läit an enger sougenannter Zon Rec, also enger Fräizäitzon, déi maximal zu 15 Prozent dierf bebaut ginn. Bebauen ass awer prinzipiell méiglech.

Donieft läit den Terrain am grénge Rank ronderëm d’Stad Lëtzebuerg a spillt dowéinst eng Roll bei der Klimareguléierung. Och de Buedem, dee soll ausgebaggert ginn, suergt fir Kappzerbrieches: Gerechent gëtt mat 270.000 Kubikmeter.

Stad decidéiert: Envergure ze grouss

Nieft dem Zerstéiere vu Biotope fir Fliedermais an enger Fräschenaart ginn et och zwee prinzipiell Problemer: Dem Plan directeur vun der Landesplanung no sollt hei eigentlech net weider zougebaut ginn an och d’Versigelung vum Buedem gëtt weider gedriwwen. Och dat steet an den eenzelnen Etüden.

Am Juni 2023 war d’Stad Lëtzebuerg dofir schonn zur Conclusioun komm, datt de Projet zwar interessant wier, mee d’Envergure wier ze grouss. Eng Positioun, déi d’Buergermeeschtesch e Méindeg op Nofro vum grénge Conseiller François Benoy och widderholl huet.

"An ech kann Iech just garantéieren, datt wann eng Baugeneemegung soll erausgoen, datt déi natierlech deem wäert d'Rechnung droen. Mir hunn och am Juni, dat war elo déi leschte Kéier, hu mir deene Proprietären a Promoteure vun deem Projet gesot, datt dee Projet op enger Rei Punkten ze grouss wier, an datt dat misst nei gekuckt ginn."

Kënnt eng nei Demande?

Zënterdeem hätt ee lo kee Kontakt méi gehat, esou nach d'Lydie Polfer. Aus dem Stand eraus kéint dëse Projet also keng Baugeneemegung kréien.

De Projet gouf an Tëschenzäit iwwerschafft fir den Impakt op d’Ëmwelt ze reduzéieren an och d’Ëmweltimpaktetüd gouf am Juli mat enger Rei vu Recommandatioune fäerdeggestallt.

Giorgetti confirméiert: Projet gëtt iwwerschafft

De Bauprojet gëtt momentan iwwerschafft wéi de Promoteur Marc Giorgetti eis confirméiert huet. Hien géif hoffen, dass déi iwwerschaffte Pläng bis Enn des Joers kéinte bei der Stat Lëtzebuerg agereecht gi fir eng Baugeneemegung unzefroen.