D’Porte de Montreuil ass e wichtege Verkéierspunkt am Oste vu Paräis. Virum Sëtz vun der Gewerkschaft CGT hu sech Manifestantinnen a Manifestanten zesummefonnt, si droe Bëtongsplacken, schwéier Blummebacke, oder Ofspärgitter an d’Stroossen fir d’Kräizungen ze blockéieren.
D’Police intervenéiert, mee d’Manifestanten, dorënner vill Jonker, zéie weider a riichten nei Stroossespären op.
Wat bréngt si heihin?
Virun allem ass et d’Roserei op d’Regierung an de President Macron. Den neie Premier Sebastien Lecornu empfanne vill als eng weider Provokatioun vum Macron.
“Bloquons Tout” gouf an de soziale Medie lancéiert, a gëtt vun der Gauche an de Gewerkschaften ënnerstëtzt.
An 8 Deeg ass schonn den nächste grousse Streik-a Protestdag geplangt. Ass et den Ufank vun enger Beweegung? Doru gleeft zwar net jiddereen, mee d'Bereetschaft weiderhin op de Stroossen ze protestéieren ass bei villen do.
Eng 80.000 Polizistinnen a Polizisten a Gendaarme sinn am Land mobiliséiert fir gewaltsam Zeenen ze verhënneren.
Well eppes ass hei op der Porte de Montreuil séier kloer: D’Roserei am Land wiisst an dat schonn zënter Joren.