Op Plakaten a Fändele stounge Spréch wéi "Stoppt d‘Booter" oder "Schéckt se heem". Vill Demonstranten haten och Fotoe vum US-amerikanesche Rietspopulist Charlie Kirk, dee virun e puer Deeg bei engem ëffentlechen Optrëtt am US-Staat Utah erschoss ginn ass.
Zu London koum et och zu Tëschefäll: Eng Grupp vun Demonstranten hu Saachen op Poliziste geschoss, 26 Poliziste wiere blesséiert ginn, 4 dovu schwéier.
Den Observateuren no war dëst warscheinlech déi gréisste rietsextrem Demonstratioun an der Geschicht vu Groussbritannien.
Bei enger Géigendemo géint Rassismus waren eng 5.000 Mënschen.