Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Waltz #2 (Xo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannien: Wat sinn d'Grënn fir d'Ausschreidunge vun de leschten Deeg?

Zanter enger Woch Krawall

Groussbritannien: Wat sinn d'Grënn fir d'Ausschreidunge vun de leschten Deeg?

A Groussbritannien ass et no de gewaltsame Krawalle vun de leschten Deeg rëm méi roueg. Mee wat geschitt lo mat de Leit déi festgeholl goufen, a vu wou kënnt hire Frust?

auto_stories

2 min

Southport | © Richard Gaisford/X
Foto: Richard Gaisford/X

Bei de rietsradikale Krawallen a Groussbritannie goufe méi wéi 400 Leit verhaft. De Mëttwoch goufen déi éischt Randaléierer verurteelt. Déi héchste Strof bis elo gouf et fir een 58-järege Mann vu Liverpool. Hien hat zu Southport ee Polizist an d’Gesiicht geschloen a virun enger Moschee randaléiert. Hie muss lo 3 Joer an de Prisong. D’Geriichter a Groussbritannie lafe grad op Héichtouren an D’Regierung hofft, datt déi haart Prisongsstrofen Extremisten ofschrecken.

Immigratioun ass e polariséiert Theema

Vun deenen déi verhaft goufen, sinn der vill virbestrooft, sot d’Police, an et waren der och vill staark alkoholiséiert. D’Ausmooss an d’Gewalt vun den Ausschreidungen hu vill Leit hei erféiert. Ganz iwwerraschend war et allerdéngs net. Immigratioun ass a Groussbritannien een immens polariséiert Theema.

Rietsextremiste profitéiere vu Frustratioun

D’Kinnekräich ass zënter de Spuermoossname vun deene leschte Regierungen an enger déiwer Kris. De Gesondheetssystem ass zënter laangem ënnerfinanzéiert an d’Liewenskäschte sinn eropgaangen. Konservativ Politiker an och d’Boulevardpress hunn ëmmer erëm der Immigratioun Schold un dëse Problemer ginn. De Boris Johnson hat versprach, datt de Brexit d’Immigratioun géif bremsen an datt dann och erëm méi Suen an d’Staatskeese géife fléissen.

Allerdéngs sinn déi Verspriechen net erfëllt ginn. Rietsextremiste profitéiere vun dëse Frustratiounen, an hetzen an de Medien an op de Soziale Reseaue géint Auslänner a Flüchtlingen.

Vill Falschinformatiounen am Ëmlaf

D’Krawallen haten no der Messerattack zu Southport ugefaang. Ee 17-järegen hat do bei engem Taylor Swift Danzcours dräi kleng Meedercher erstach. An de soziale Medien gouf behaapt, datt den Täter ee muslimesche Flüchtling wier, wat allerdéngs eng Falschmeldung war. Trotzdeem hunn doropshin Extremiste Moscheeën an Flüchtlingsheemer ugegraff. Zanterhier goufen et allerdéngs och grouss Géigendemonstratiounen a ville Stied.

E Bericht vum Claire Barthelemy aus London