arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussasaz misst "opgeschafft ginn", esou de Buergermeeschter vu Klierf

No illegaler Rave-Party

|
reading time

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Groussasaz misst "opgeschafft ginn", esou de Buergermeeschter vu Klierf

Zu Hengescht gouf e Samschdeg am Nomëtteg eng illegal Rave-Party opgeléist. Ronn 500 Mënschen haten drun deelgeholl. Weder d'Gemeng nach de Proprietär vum Terrain wieren am Virfeld informéiert gewiescht, huet de Clierfer Buergermeeschter Georges Keipes am 100,7-Interview betount.

reading time

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Um Freidegowend hätten Awunner:innen aus der Gemeng schonn eng gréisser Unzuel Autoen a Camione gesinn, déi an den Ourdall gefuer wieren. D'Musek wier - wéinst der Distanz vun e puer Kilometer zu de Wunngéigenden - zwar éischter manner ze héiere gewiescht, allerdéngs hätten d'Raver hir Spueren hannerlooss. De Proprietär hätt dem Buergermeeschter och Fotoen zoukomme gelooss. Villes wier einfach op der Wiss leie gelooss ginn.

"Dat geet vu Schlësselen iwwer Zelter, iwwer Schlofsäck, iwwer den Auto, deen eng Krall huet, iwwer Dreck an Dreckstuten."

D'Gemeng géif dem Proprietär bei de Botzaarbechten hëllefen, huet de Georges Keipes betount. De Buergermeeschter aus dem Norde vum Land mengt awer och, datt ee bei esou groussen Evenementer d'Autoritéiten am Virfeld kontaktéiere sollt, ënner anerem fir e Sécherheetskonzept opzestellen.

Groussasaz vun der Police

Eng 120 Polizisten aus dem ganze Land waren am Asaz, souwéi den Helikopter, d'Hondsstaffel a Spezialunitéiten, fir d'Party an hir 500 Participanten ze raumen. Och d‘Gemeng war bedeelegt an huet Stroosse blockéiert. E Groussasaz also, zu deem de Georges Keipes seet, datt et eng "concertéiert Aktioun " war, déi am Nachhinein och misst opgeschafft ginn.

Eréischt d'lescht Joer am August gouf et esou en änleche Virfall um Bauschelterbierg. De Joé Birchen hat doropshi fir de radio 100,7 Kontakt opgeholl mat enger vun den Organisatricë vun där Party, a si ënner anerem gefrot, firwat déi Evenementer net ëmmer bei de betraffene Gemengen ugemellt ginn.

play_arrow Lauschtert de Bäitrag vum Joé Birchen

play_arrow Lauschteren