arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grouss staatlech Trauerfeier zu Teheran

Iran

|
reading time

1 min

Grouss staatlech Trauerfeier zu Teheran

Zu Teheran am Iran hu gëschter um Samschdeg zéngdausende Leit un enger staatlecher Trauerfeier fir Dosende vu Genereel deelgeholl, déi vun Israel ëmbruecht gi sinn. Déi iranesch Staatstelevisioun schwätzt vun iwwer enger Millioun Participanten. Dës Zuele loosse sech awer net onofhängeg iwwerpréiwen.

reading time

1 min

Iranesche Fändel | © picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl
Iranesche Fändel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl)

Ënner de Gäscht war ënner anerem den iranesche President Massud Peseschkian, net awer den ieweschte Leader, Ajatollah Ali Chamenei. Dat ass ongewéinlech, well hie bei héichrangege Begriefnisser an der Reegel d‘Doudegebiet schwätzt.

Israel huet am 12-Deeg laange Krich géint den Iran iwwer 20 héichrangeg Militär an Atomwëssenschaftler geziilt ëmbruecht, zum Deel och an hire Wunnengen. Zënter 5 Deeg gëllt elo eng Wafferou.

Den Iran huet sech gëschter och grondsätzlech bereet gewisen, fir nei Atomverhandlunge mat den USA. Dofir misst den US-President Donald Trump awer säin Tounfall mässege géintiwwer dem Ajatollah Chamenei, esou den iraneschen Ausseminister op X.