search

/ Grouss Trauerfeierlechkeete fir den Ajatollah Chamenei fänken haut am Iran un

Noen Osten

|
reading time

1 min

Grouss Trauerfeierlechkeete fir den Ajatollah Chamenei fänken haut am Iran un

Zu Teheran ass haut den Optakt un den offiziellen Trauerfeierlechkeete fir de reliéise Leader Ajatollah Ali Chamenei. Virum eigentleche Begriefnes en Donneschdeg soll seng Läich an engem Cortège duerch déi ganz Stad gedroe ginn.

reading time

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

De Chamenei war den 28. Februar bei enger israeelescher Loftattack ëm d‘Liewe komm. Säi Fils Modschtaga war direkt duerno zum neie Staatschef erkläert ginn. Deen ass zënterdeem awer nach net an der Ëffentlechkeet opgetrueden. Iwwer säi Gesondheetszoustand gëtt zënterhier spekuléiert.