arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feier am BENU Village zu Esch: "Duerf" soll elo sou séier wéi méiglech ofgerappt ginn

Esch-Uelzecht

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Feier am BENU Village zu Esch: "Duerf" soll elo sou séier wéi méiglech ofgerappt ginn

Op dem Terrain vum fréiere BENU Village zu Esch soll e provisoresche Parking ageriicht ginn. Dat sot den Escher Buergermeeschter Christian Weis eis op Nofro hin. Nom Brand gëschter Owend sollen déi lescht Container um Terrain komplett ofgerappt ginn, soubal d’Police de Site nees fräigëtt.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / DZBA | Jonas Lohrmann
(Foto: picture alliance / DZBA | Jonas Lohrmann)

Am Moment ass nach näischt zu der Ursaach vum Feier gewosst. An och wéi héich de materielle Schued ass, konnt d’Stad Esch haut nach net chiffréieren. Et war net déi éischte Kéier, datt et um BENU-Site zu Esch gebrannt huet.

Feier am Öko-Duerf zu Esch

Schonn Enn Dezember 2023 ware bannent zwee Deeg, zwee Bränn am BENU Village zu Esch ausgebrach. De beschiedegten Deel vum fréieren Ökoduerf gouf duerno ofgerappt.

E puer Container sinn awer stoe bliwwen. Firwat déi bis haut nach net verschwonne waren, erkläert den Escher Buergermeeschter Christian Weis mat de Prozeduren nom éischte Brand. D'Liquidatioun grad esou wéi d’Besëtzverhältnisser hätte misse gekläert ginn. 

„Dat hellt seng Zäit, well dat an Etappen ofgerappt gëtt."

Als Éischt wier och deen Deel ofgerappt ginn, dee beschiedegt war. D’Stad Esch kéint och net einfach esou ufänke mat ofrappen. Dat géif alles mat Ausschreiwunge lafen. 

"Dunn ass eng Analys gemaach gi vun deem, wat nach do stoung, wéi dat kéint benotzt ginn. Dunn ass erëm eng Ausschreiwung gemaach ginn.“

Mëttlerweil wier decidéiert, och déi lescht Container ofzerappen. D’Ausschreiwung war der Stad no schonn ofgeschloss, éier et gëschter nees gebrannt huet.

En temporäre Parking soll elo op d'Plaz kommen 

De Christian Weis huet sech haut de Moie selwer e Bild vun der Situatioun um Site gemaach. Wéi séier d’Aarbechten elo kënnen ufänken, hänkt dovun of, wéini d’Police de Site fräigëtt.

"Soubal dat fräi ginn ass, wäerte mir, esou wéi et elo souwisou virgesi war, mat dem Entrepreneur, deen d'Ausschreiwung gewonnen huet a Kontakt trieden, fir dann de Chantier elo ganz konkreet unzegoen."

Ob dat elo d'nächst Woch wier oder an zwee Méint, dat kéint de de Buergermeeschter den Ament nach net soen. 

"Mee dat ass awer virgesinn, datt de BENU, dat wat nach vu Containeren do ass, de Bestand, egal ob se vum Brand betraff waren oder net, datt alles do wäert ofgerappt ginn."

Police ermëttel zur Ursaach vum Brand

D’Police judiciaire ermëttelt iwwerdeems weider zur Brandursaach. Nei Erkenntnisser ginn et den Ament nach keng.

play_arrow Lauschteren