arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grippewell léist d'Infektiounszuelen an d'Luucht goen

Santé

|
headphones

1 min

Grippewell léist d'Infektiounszuelen an d'Luucht goen

D‘Grippepidemie huet Lëtzebuerg definitiv erreecht: Dat weisen déi neisten Zuele vun der Santé. D‘lescht Woch goufen 367 Fäll gezielt. Dat ass e Plus vun 102 Prozent par rapport zu der Woch virdrun. Et gëtt drun erënnert, datt eng Impfung nach méiglech ass.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Och beim Otemweevirus RSV gëtt et e Plus bei den Infektioune vu bal 60 Prozent. Hei bleiwe virun allem kleng Kanner betraff.

An och d‘Covid-Infektioune ginn an d‘Luucht: Hei ass et e Plus vun 78 Prozent. D‘Konzentratioun vum Virus am Ofwaasser huet dergéint ofgeholl.