arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grippewell: Zuel vun Neiinfektioune klëmmt ëm 15 Prozent

Gesondheet

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Grippewell: Zuel vun Neiinfektioune klëmmt ëm 15 Prozent

D‘Grippewell hei am Land leeft nach ëmmer op Héichtouren. D’lescht Woch goufen et 630 gemellte Fäll, dat wier e Plus vu 15 Prozent par rapport zu der Woch virdrun, esou d’Santé an engem Schreiwes.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance / Westend61 | Svetlana Karner
(Foto: picture alliance / Westend61 | Svetlana Karner)

Vun de gemellte Fäll d’lescht Woche waren 99,5 Prozent d’Gripp A an 0,5 Prozent d’Gripp B. De Gesondheetsministère erënnert op dëser Plaz, datt et ëmmer nach méiglech ass sech impfen ze loossen.

D’Recommandatioun fir eng Impfung riicht sech prioritär u Persounen iwwer 65 Joer, well déi dee gréisste Risiko hu Komplikatiounen am Fall vun enger Infektioun ze maachen.

RSV- a Covid-Infektioune ginn erof

Beim RS-Virus gëtt et eng Baisse vu 4 Prozent. D’lescht Woch goufen et 144 gemellte Fäll, par rapport zu 150 Fäll déi Woch virdrun. Zënter Oktober 2025 betreffen RSV-Infektiounen zu 68 Prozent Kanner ënner 10 Joer.

Beim Sars-CoV-2 sinn d’Zuele vu 70 Fäll op 62 erofgaangen, also eng Baisse vun 11 Prozent. Och d’Viruslaascht am Ofwaasser huet ofgeholl, esou d’Santé.

Keng gréisser Fäll an der Kannerklinik

D’ Kannerdoktere rechnen iwwerdeems domat, datt – wéi all Joer – lo no der Chrëschtvakanz d’Zuel vun den Infektioune mat der Gripp nach eemol wäert klammen. Gläichzäiteg géif een awer mierken, datt déi nei Recommandatioun fir och déi Kleng impfen ze loossen, hir Friichte géif droen.

Dat géif een haaptsächlech an der Kannerklinik gesinn, wou dëst Joer keng gréisser schwéier Fäll duerch d'Gripp hätte missten traitéiert ginn, seet den Dokter Serge Allard, President vun der Societéit vun de Lëtzebuerger Pediateren.

Zwar géifen eng Rei Kanner sech trotz der Impfung mat der Gripp ustiechen an och krank ginn, mee Komplikatiounen, wéi Longenentzündungen am Zesummenhang mat der Gripp, géife vill éischter bei Net-Geimpften optrieden, esou de Serge Allard.

“Dëst Joer haten se effektiv Longenentzündungen an der Kannerklinik duerch d’Gripp. Dat ass bei net geimpfte Kanner ëmmer méiglech. D'Gripp preparéiert heiansdo den Terrain fir méi aggressiv Bakterie wéi Streptocoquen an do hate mer effektiv schonn och Doudesfäll hei zu Lëtzebuerg.

D’Impfung géint d’Gripp wier dowéinst immens wichteg fir esou Komplikatioune ze prävenéieren, esou nach den Serge Allard.

play_arrow Lauschteren