arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grippenzuele gi liicht erof

Santé deelt mat

|
headphones

1 min

Grippenzuele gi liicht erof

D‘lescht Woch sinn d‘Grippefäll zu Lëtzebuerg liicht zeréckgaangen. Et goufe 6 Prozent manner Fäll, wéi d‘Woch virdrun. Dat deelt d‘Santé an hirem neiste Bilan mat.

headphones

1 min

Illustratioun Gripp | © picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod
Illustratioun Gripp (Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod)

Et ginn am Moment ronn 860 deklaréiert Influenza-Fäll, bal zu 100 Prozent handelt et sech ëm Influenza A.

Och d‘Zuel vun der Otemweeerkrankung RSV an de Covidfäll sinn d‘lescht Woch, ëm 7 respektiv 6 Prozent zeréckgaangen.