D'Inspection sanitaire huet rezent hire Joresrapport iwwer Infektiounskrankheete publizéiert. Dora fält op, datt verschidde Krankheeten, géint déi et eigentlech en Impfschutz gëtt, am Laf vum leschte Joer erëm méi heefeg virkomm sinn. Den Epidemiolog Joël Mossong relativéiert awer. Net ëmmer ass dat op Impfskepsis zeréckzeféieren.
Bei der Coqueluche ass et bekannt, datt all e puer Joer eng Epidemie optaucht. "Dat war d’lescht Joer einfach erëm esou wäit", erkläert de Joël Mossong. Bei de Riedele goufen zwar fir d'éischt zënter 2019 nees Fäll registréiert, dës wieren awer haaptsächlech importéiert a bei Erwuessener opgetrueden. Ausbréch am Land hätt et keng ginn. Dat wier een Zeechen, datt d'Häerdenimmunitéit nach ëmmer héich ass.
Grippe-Saison hefteg, Covid relativ roueg
De Rapport hält fest, datt d'Gripp sech 2024 staark verbreet huet, well dräi verschidde Grippevire gläichzäiteg zirkuléiert sinn. D'Konsequenz wiere vill Krankmeldungen, awer wéineg schwéier Verleef oder Spidolsopenthalter. Beim Covid-19 war et dogéint déi éischt Saison ouni grouss Well. "Mir hunn eis op eng Well ronderëm d’Feierdeeg agestallt, mee déi ass net komm", esou de Mossong.
Keen Alarm, awer weider opmierksam bleiwen
D'Zuelen, déi d'Inspection sanitaire presentéiert, ginn also kee Grond fir Alarmismus. Lëtzebuerg beweegt sech am internationale Verglach um selwechten Niveau. Fir de Mossong bleift awer wichteg: "D’Leit solle weider d’Impfrecommandatiounen esou suivéieren, wéi d’Doktere se ausschwätzen."
Och wann eenzel Krankheeten erëm méi heefeg opdauchen, bleift d’Situatioun an de Spideeler stabil. D'Kombinatioun aus Impfschutz, natierlecher Immunitéit an Opmierksamkeet suergt dofir, datt d'Gesondheetsautoritéiten d’Situatioun roueg a kontrolléiert ageschätzt hunn.